Am Gespréich: Claude Schiltz, 02/03/2020 12:10

Share:

Listens: 0

RTL - Am Gespréich

News & Politics


Mam Sekretär vun der ASBL "Orang Utan Help Lëtzebuerg" hu mer iwwert de Misär vun de Mënschenafen duerch d'Palmueleg-Industrie geschwat. Am Fong si mir alleguerte mat dru Schold well deen Ueleg a ville vun eise Liewensmëttelen ze fannen ass, och wa mer eis dees net bewosst sinn. A Malaysia an Indonesien ginn all Joer Hektare Reebësch ofgeholzt oder verbrannt fir Palmueleg-Plantagen unzeleeën. Net nëmmen d'Orang-Utanen si vum Verloscht vun deem Liewensraum betraff, mä nach e ganze Koup aner Déieren ewéi de Java-Leopard an de Sumatra-Tiger. An der Mëttesstonn gouft Dir gewuer wéi "Orang Utan Help Lëtzebuerg" hëlleft a wéi eng Projeten genee se ënnerstëtzen.