Am Gespréich: Erny Schumacher, 11/03/2020 12:10

Share:

Listens: 0

RTL - Am Gespréich

News & Politics


Mam President vun de Privatwënzer schwätze mer iwwert d'Aarbecht an de Lëtzebuerger Wéngerten. Viru 40 Joer huet den Här Schumacher als Wënzer ugefaangen a vun deemools bis haut huet sech nawell vill geännert. Vum Schneide vun de Riewen, iwwer d'Sprëtzen bis hin zum Ëmgank mat den Drauwen. Wéi vill Zäit muss een am Joer investéieren, wat sinn d'Suergen vun de Privatwënzer a wéi gi si mam Klimawandel ëm? Den Expert verréit eis ausserdeem wourunner mer e gudde Wäin erkennen.