Am Gespréich: Mariette Lentz, 12/03/2020 12:10

Share:

Listens: 0

RTL - Am Gespréich

News & Politics


Léierin war se an engem éischte Beruffsliewen, mä dobäi huet se och de Gesank entdeckt, haut ass d’Mariette Lentz a béide Funktiounen aktiv: als Sopranistin op de Musekbünen an als Gesanksproff am Conservatoire zu Ettelbréck. Ëmmer erëm begeeschtert se sech awer och fir besonnesch Projeten. Een esou e Projet heescht „Radio Days“ a beschäftegt sech mat dem Radio a senger Musek an de Joren tëscht 1930 an 1955. Ausserdeem trëtt se mam Ensembel Kammerata Luxembourg op.