Am Gespréich: Nicole Kuhn-Di Centa, 13/03/2020 12:10

Share:

Listens: 0

RTL - Am Gespréich

News & Politics


D’Nicole Kuhn-Di Centa war Invitee beim Franky Hippert an der Emissioun am Gespréich um Freideg iwwer Sport. Mat der neier Presidentin vun der Lasep, hu mer tëscht 12h an 13h iwwert d’Wichtegkeet vun der Beweegung a vum Sport bei de Kanner geschwat. Wat sinn d’Erausfuerderungen vun der Ligue des Associations Sportives de l’Enseignement Primaire, an wat muss sech an Zukunft am Beräich vun der Beweegung bei de Kanner onbedéngt hei zu Lëtzebuerg veränneren respektiv verbesseren? Dat waren just e puer vun den Sujeten tëscht 12h an 13h op RTL Radio Lëtzebuerg!