Vu wonnerschéi bis schrecklech sténkeg, 17/10/2021 19:25

Share:

Listens: 0

RTL - Pisa, de Wëssensmagazin (Small)

Miscellaneous


Am neie Pisa Challenge entdecke mir déi vill verschidde Facette vun der Uelzecht Mir fuere mam Stand Up Paddle iwwer d’Uelzecht a weisen Iech dëse Floss wéi der en nach net gesinn hutt. Vun der glasklorer Quell a Frankräich, duerch verwuessenNaturschutzgebidder an däischter Tunnellen ënner Esch erduerch. Mir entdecken d’Alstad. Gesinn d‘Iwwerreschter vun enger aler mëttelalterlecher Schleis. Weise wéi duerch d’Kraaft vum Uelzecht-Waasser de Gronn a Pafendall entstane sinn. Wéi an der Stad Lëtzebuerg riseg ënnerierdesch Kummeren Héichwaasser solle ofbremsen. A wëllen erausfannen firwat d’Uelzecht esou knaschteg ass.