Am Gespréich iwwer Sport: Table-ronde iwwer, wéivill Proffien pro Equipe am Lëtzebuerger Basketball?, 06/03/2020 12:10

Share:

Listens: 0

RTL - Am Gespréich

News & Politics


Wéi all éischte Freideg am Mount, hu mer och dës Woch nees eng Table-ronde an eiser Emissioun am Gespréich iwwer Sport tëscht 12h an 13h! Sujet dës Kéier ass; wéivill Amerikaner, non-jicl’en oder soll ee besser soen « Proffien » sollen kënnen am Lëtzebuerger Basketball um Terrain stoen? 5, 3, 2 oder awer just 1, wéi et nach virun e puer Joer de Fall war? An wat kann een géint dat villt Austauschen vun den Amerikaner am Laf vun der Saison maachen? Inviteeën beim Franky Hippert sinn de Frank Arendt President vun der Sparta Bartreng, de Frank Muller Spiller vum T71 Diddeleng, den Erny Gruskovnjak laang Joren Dammentrainer bei de Musel Pikes an lo Cadettrainer bei der Amicale Steesel, an den RTL Basketballexpert Guy Seyler.