Rebound, 02/07/2021 17:50

Share:

Listens: 0

RTL - Rebound

Sports


Virun 2 Méint ass de Frank Arendt als President vum Basketclub Sparta Bartreng zréck getrueden. Wie soll d’Relève huelen? Fir vill Leit koum de just ee Mann a Fro : „de FOXI muss et maachen ». Gemengt war de Romain Hoffmann. Dee war schonn emol vun 2001 bis 2013 Sparta President. Duerno war hie Vize-President vun der Federatioun, hat sech awer mëttlerweil a seng wuelverdéngte Pensioun zréckgezunn. No enger Rei intensive Gespréicher  war de Romain Hoffmann bereet fir en neien Challenge, an en Dënsdeg op der Assemblée General gouf hien als neie President vun der Sparta gewielt. De Guy Seyler huet sech mat him ënnerhal: